/RTL – Europaparlament: Europäesche Biergerpräis fir “Scouting in Luxembourg”

RTL – Europaparlament: Europäesche Biergerpräis fir “Scouting in Luxembourg”

Wärend de Krisen hunn d’Lëtzebuerger Scoute vun der LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) an der FNEL („Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg“) sech ganz séier organiséiert ënnert dem Projet #AllDagEngBA, fir alen a vulnerabele Persounen ze hëllefen.

Am Ganzen hunn duerno eng 9.000 Membere vun der LGS an der FNEL all Dag Kommissioune fir Senioren a vulnerabel Leit gemaach. Zanter dem Ufank vun der Pandemie waren et ronn 6.200 „bonnes actions“.

Och den Ierfgroussherzog Guillaume hat sech un dëser Aktioun bedeelegt. Parallel dozou hunn d’Scouten d’Aktioun #Bitzdoheem organiséiert, wou Fräiwëlleger iwwer 40.000 Maske gebitzt hunn, déi duerno u sozial a karitativ Ariichtunge verdeelt goufen.

Hei dat offiziellt Schreiwes

Scouting in Luxembourg erhält den europäischen Bürgerpreis
– Eine Auszeichnung für besondere Leistungen

Die luxemburgischen Pfadfinderinnen und Pfadfinder werden vom Europaparlament für Ihre Initiativen zu Beginn der Corona-Pandemie mit dem europäischen Bürgerpreis 2020 ausgezeichnet. Scouting in Luxembourg, der Dachverband der luxemburgischen Pfadfinderorganisationen, erhält den Preis auf Vorschlag des Europaabgeordneten Christophe Hansen (CSV/EVP) für die Projekte “#AllDagEngBA” und “#Bitzdoheem”. Europaweit geht der Preis 2020 an 30 Gewinner aus 25 Ländern.

Während der Gesundheitskrise wurden auch in Luxemburg viele Initiativen von Bürgern und Vereinen ins Leben gerufen, mit dem Ziel, ihren Mitbürgern und ihrer Gemeinschaft zu helfen. Unter anderem haben sich die luxemburgischen Pfadfinder schnell organisiert, um älteren und gefährdeten Menschen zu helfen.

Mit dem Projekt “#AllDagEngBA” (eine gute Tat pro Tag) erledigten rund 900 Mitglieder tägliche Besorgungen für Senioren und gefährdete Menschen. So wurden seit Beginn der Pandemie 6.241 gute Taten von diesen jungen Pfadfindern vollbracht. Gleichzeitig starteten die Luxemburger Pfadfinder am 30. März 2020 eine weitere Initiative, nämlich die Aktion “#Bitzdoheem” (Nähen zuhause), die sich der kostenlosen Bereitstellung von nicht-medizinischen Schutzmasken an 51 soziale und karitative Einrichtungen widmete und so dazu beitrug, die Verbreitung des Virus deutlich zu reduzieren und Leben zu retten. Rund 450 Freiwillige nähten 40.641 Schutzmasken.

Der Preis
Das Europäische Parlament vergibt den „Europäischen Bürgerpreis” jährlich seit 2008. Mit diesem Preis werden besondere Leistungen für europäisches Engagement in verschiedenen Bereichen ausgezeichnet. Bürgerinnen und Bürger, Gruppen von Bürgern, Vereinigungen oder Organisationen können sich mit von ihnen durchgeführten Projekten um den Europäischen Bürgerpreis bewerben oder andere Bürger, Gruppen, Vereinigungen oder Organisationen für den Europäischen Bürgerpreis vorschlagen. Auch Mitglieder des Europäischen Parlaments sind berechtigt, jedes Jahr einen Vorschlag einzureichen.

Die Preisträger werden von einer Jury des europäischen Parlamentes aus einer Liste von Vorschlägen der nationalen Jurys ausgewählt. In Luxemburg bestand diese aus den Europaabgeordneten Charles Goerens (DP/Renew), Monica Semedo (DP/Renew), Isabel Wiseler-Lima (CSV/EVP), der früheren Preisträgerin Odile Linden und Mike de Waha vom Jugendrot.

Die Frist für Bewerbungen und Nominierungen für den europäischen Bürgerpreis 2021 läuft bis zum 15. April. Weitere Details zum Preis finden sich auf https://www.europarl.europa.eu/at-your-service/de/be-heard/prizes.

D’Lëtzebuerger Scouten erhalen den europäesche Biergerpräis
– Eng Auszeechnung fir besonnesch Leeschtungen

D’Lëtzebuerger Scoute wäerte vum Europaparlament fir hier Initiativen um Ufank vun der Corona-Pandemie mam europäesche Biergerpräis 2020 ausgezeechent ginn. D’Scouting in Luxembourg, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Scoutorganisatiounen, erhält de Preis op Virschlag vum Europadeputéierte Christophe Hansen (CSV/EVP) fir d’Projete „#AllDagEngBA” a „#Bitzdoheem”. Europawäit geet de Preis 2020 un 30 Gewënner aus 25 Länner.

Wärend der Gesondheetskrise goufen och a Lëtzebuerg vill Initiativë vu Bierger a Veräiner an d’Liewe geruff, mam Ziel, hire Matbierger an der Allgemengheet ze hëllefen. Ënnert anerem d’Lëtzebuerger Scouten hu sech schnell organiséiert, fir eeleren a vulnerabele Mënschen ze hëllefen.

Mam Projet „#AllDagEngBa” hunn eng 900 Memberen deeglech Kommissioune fir Senioren a vulnerabel Mënschen erleedegt. Doduerch goufe säit dem Ufank vun der Pandemie 6241 gutt Aktioune vun de jonke Scoute vollbruecht. Gläichzäiteg hunn d’Lëtzebuerger Scouten den 30. Mäerz 2020 eng weider Initiativ gestart, nämlech d’Aktioun „#Bitzdoheem”, déi sech der gratis Bereetstellung vun net-medezinesche Schutzmaske fir 51 sozial a karitativ Ariichtunge gewidmet huet an dozou bäigedroen huet d’Verbreedung vum Virus däitlech ze reduzéieren a Liewen ze retten. Ronn 450 Fräiwëlleger hunn 40.641 Schutzmaske gebitzt.

De Präis
D’Europäescht Parlament decernéiert de „Europäesche Biergerpräis” järlech säit 2008. Mat dësem Preis gi besonnesch Leeschtunge fir europäescht Engagement a verschiddene Beräicher ausgezeechent. Biergerinnen a Bierger, Gruppe vu Bierger, Veräiner an Organisatioune kennen sech mat hire realiséierte Projete fir den Europäesche Biergerpräis umellen oder aner Bierger, Gruppen, Veräiner oder Organisatioune fir den Europäesche Biergerpräis virschloen. Och Membere vum Europäesche Parlament si berechtegt, all Joer ee Virschlag anzereechen.

D’Präisgewënner gi vun enger Jury vum Europäesche Parlament aus enger Lescht vu Virschléi vun den nationale Jurye gewielt. A Lëtzebuerg bestoung dës aus den Europadeputéierte Charles Goerens (DP/Renew), Monica Semedo (Renew), Isabel Wiseler-Lima (CSV/EVP), der fréierer Präisgewënnerin Odile Linden an dem Mike de Waha vum Jugendrot.

D’Frist fir Kandidaturen an Nominéierunge fir den europäesche Biergerpräis 2021 leeft nach bis de 15. Abrëll. Weider Detailer zum Preis fannen sech op https://www.europarl.europa.eu/at-your-service/de/be-heard/prizes.