Organiséiert gëtt de Festival vum Kollektiv “Street Photography Luxembourg” an Zesummenaarbecht mat de Rotonden.
Ugefaangen hat alles am klenge Kader, 2013 mat enger “Slide Night” vun e puer begeeschterten Hobbyfotografen an engem Café am Gronn, déi e grousse Succès hat an dofir weidergefouert gouf. 2016 ass doraus dunn e richtege Festival ginn, mat Workshops a Konferenze mat renomméierte Fotografen. Wéinst der Pandemie gouf 2020 eng Online-Versioun organiséiert. Dëst Joer gëtt dann awer erëm e richtege Festival gebueden.
De Vernissage vun der Kollektivexpo war en Donneschdeg um Feierdag gutt besicht. Dofir huet een am Virfeld mussen en Ticket fir eng bestëmmten Auerzäit reservéieren an hat dann eng hallef Stonn Zäit, fir sech d’Fotoe vun de ronn 25 Fotografen unzekucken. Dëse Freideg an dann och e Samschden an e Sonnden kann een awer ouni Umeldung an d’Rotondes laanschtgoen a sech dann och déi néideg Zäit fir d’Visitt huelen, well eng hallef Stonn geet wierklech net duer, fir alles a Rou ze kucken a sech vläicht och mat deem engen oder anere Fotograf ze ënnerhalen.
Verschidde Schwarz-Wäiss-Fotoe wierke wéi aus der Zäit gefall, anerer sinn tatsächlech aus enger anerer Zäit, d’Photothèque vun der Stad Lëtzebuerg bedeelegt sech nieft anere Gäscht-Fotografen nämlech och un der Ausstellung. De gréissten Deel vun de Fotografe presentéiert awer méi rezent Opnamen, an do ass am Fong alles u Motiver mat dobäi, ganz Zeenen oder just Fragmenter, Portraiten oder Mënschegruppen, faarweg oder schwaarz-wäiss, zu Lëtzebuerg geknipst oder soss enzwousch op der Welt, vu romantesch bis e bësse méi kitscheg, fir ze dreemen oder nozedenken. Op jiddwer Fall lount et sech, e bësse méi laang virun där enger oder anerer Foto stoen ze bleiwen.
D’Kollektivexpo vu „Street Photography Luxembourg“ kann ee sech nach dëse Freideg bis 20 Auer ukucken. E Samschden ass d’Ausstellung vun 13.00 bis 20.00 Auer op, an e Sonndeg vun 13.00 bis 16.00 Auer. Da gëtt och de Gewënner vum “Open Wall Contest” gekréint. Et ass nämlech eng Mauer reservéiert, op déi jiddereen seng eegen Opnam kann hänken a mat Chance dann e Präis gewënnt.
Weider Informatioune fannt Dir hei.